CD-Klassik
Fidelio vum Beethoven
Un déi eenzeg Oper vum Ludwig van Beethoven traut sech nach laang net all Dirigent erun. An der Vergaangenheet koume Produktiounen op Disk eraus, déi als Referenz gëllen, mee och därer, déi nëmme mëttelméisseg oder carrement als schlecht ofgestempelt goufen.
De Label Pentatone huet en duebelen Disk erausgi mat der Dresdner Philharmonie, diverse Chéier a Solisten, ënner der Direktioun vum Marek Janowski, deen hei eng spannend Lecture vun der Partitur ubitt.
Eise klasseschen Disk vun der Woch