CD-Klassik
Musek aus dem Basevi Codex
Wat gouf um Haff vum Margarete vun Éisträich am Ufank vum 16. Joerhonnert gespillt ? Esou d'Thema vun engem Disk beim Label Audite mam Titel Basevi Codex. Fënnef Musekerinnen hu sech fir di onkomplett Manuskripter vum dësem Codex interesséiert a Musek zesummegesat déi eis an d'Welt vun der Renaissance um kinneklechen Haff andauche léisst.
Fir dësen Disk léisst sech d'Sopanistin Dorohtée Mields vu 4 Blockflüttistinnen begleeden, den Boreas Quartett Bremen. De Manuel Ribeiro huet sech fir den Disk interesséiert.