Panorama
Panorama
D'USA hunn hire Réckzuch aus dem Afghanistan ofgeschloss. All US Zaldoten hätten d'Land verlooss, huet de Pentagon annoncéiert
De Militärasaz am Afghanistan war en Desaster, mee net komplett ëmsoss, wéinst de Bekämpfung vum Terrorismus, sou den David McAllister, President vun der aussepolitescher Kommissioun am Europaparlament, de Mien am 100,7 Interview
Zu Kabul hunn d'Taliban an hir Supportere gefeiert
Iwwert d'Opnam vu Flüchtlingen aus dem Afghanistan sollen de Mëtteg d'EU Inneministeren an enger aussergewéinlecher Sëtzung beroden
Am Virfeld vun där Sëtzung huet de Jean Asselborn an engem Interview mat der däitscher Zeitung Die Welt gefuerdert: D'EU misst bereet sinn, fir 40- bis 50.000 sougenannte Resettlement Plaze fir afghanesch Flüchtlingen zur Verfügung ze stellen
Fir d'Schoulrentrée soll d'Maskeflicht am Fondamental ewech falen. Am Géigenzuch soll zwee Mol d'Woch an de Schoule getest ginn. Dat ass d'Propos, déi den Educatiounsminister Claude Meisch gëschter de Gewerkschafte gemaach huet