arrow_back_ios
CD-Klassik
Héich Emotiounen, déif Téin
Op sengem aktuellen Album interpretéiert de Petru Iuga e Repertoire deen nëmme seelen ze héieren ass: Wierker fir Kontrabass-Solo. Encadréiert vun zwou Kompositiounen fir Piano a Kontrabass vum Franz Schubert a vum Paul Hindemith proposéiert de Petru Iuga zwou Solo-Sonate vum Mieczysław Weinberg a vum Yuri Levitin.