CD-Klassik
Wie war dem Haydn säi Virgänger?
Virum Joseph Haydn war de Gregor Joseph Werner vun 1728 u Kapellmeeschter um Haff Esterhazy. Kaum ee Komponist hat esouvill sakral Musek komponéiert wéi de Werner. Allerdéngs ass säin instrumentale Repertoire quasi ganz verluer gaangen. Den Ensembel Feste Musicale huet elo eng Partie Salve Regina a Pastorellas opgeholl a bitt domat en Abléck an dem Werner seng Musek. De Manuel Ribeiro huet den Disk gelauschtert.