Panorama
Panorama
De Kontrakt mat der privater Sécherheetsfirma an der Stad leeft weider. Dat sot d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer nom Tëschefall am Stater Garer Quartier, bei deem e Mann vun engem Hond vun der Sécherheetsfirma gebass gouf
D'Mënscherechts-Organisatioun Amnesty International rifft all d'Länner op: Et soll kee méi Flüchtlingen zeréck a Syrie schécken, de syresche Geheimdéngscht hätt Flüchtlingen, déi zeréckkoumen, agespaart a gefoltert
Frankräich trauert ëm de Jean-Paul Belmondo. Dee franséische Schauspiller ass gëschter am Alter vun 88 Joer zu Paräis gestuerwen