CD-Klassik
Freed un der Musek, Freed mat der Musek
"Was mir fehlt, ist der Mut zur Normalität.", sot den Dirigent Rémy Ballot 2019 an Die Presse iwwer Grënnung vun dem neien Ensembel Klangkollektiv Wien. Normalitéit ass hei net Synonym fir Langweil, fir routinéiert Musizéieren. De Rémy Ballot a säin Ensembel wëlle sech vun de spezialiséierten Ensembelen ofgrenzen, maache bewosst keng historesch Recherche, setzen net op Klang-Authentizitéit mee éischter op musikalesch, interpretatoresch Authentizitéit. Beim Klangkollektiv Wien geet et un éischter Plaz ëm Emotiounen, ëm d'Freed un der Musek a mat der Musek - an dat geréit och mat hirem drëtten Disk, der Symphonie "The Clock" vum Joseph Haydn an dem Mozart senger Jupiter-Symphonie.