arrow_back_ios
CD-Klassik
Nei an al kohärent verbonnen
De Vadim Gluzman verbënnt op sengem aktuellen Disk zwee Concertoe fir Gei, déi iwwer 180 Joer ausernee leien: Dem Ludwig van Beethoven säi Concerto a Ré Majeur an dem Alfred Schnittke säin drëtte Concerto fir Gei a Kammerorchester. D'Bréck tëschent béide Wierker schléit de Solist mat den zwou Kadenzen, déi de Schnittke fir dem Beethoven säi Concerto geschriwwen huet. De Luc Boentges mam CD-Tipp