CD-Klassik
Wann eng Harf danzt
Am Barock goufe vill Danzaarte vertount, aus deenen déi grouss Meeschtere Suitë fir verschidden Ensembelen zesummegestallt hunn. Mee scho laang kann een op dës Dänz net méi danzen, well d'Strukture ganz komplex sinn an de Begr¨ff Danz just nach als Reminiszenz un déi elegant Beweegungen erënnert. Mam Disk "Un Bal" wëllt d'Harfenistin Sarah Christ d'Evolutioun vun Danz a Musek an ënnerschiddlechen Epochen a Länner duerstellen. De Manuel Ribeiro huet an den Album gelauschtert.