arrow_back_ios
CD-Klassik
In the Music Hall
Wann an enger Fussballekipp déi beschte Spiller vun der Welt matmaachen, heescht dat net onbedéngt, datt dat déi beschten Ekipp gëtt. An der Musek ass et änlech: Déi beschte Solisten erginn an der Grupp net onbedéngt dee beschten Ensembel. Mee Ausname ginn et ëmmer, esou zum Beispill de Wien-Berlin Brass Quintett, dee sech aus Blechbléiser aus zwee Spëtzenorchesteren zesummesetzt an nees emol en exzellenten Disk mam Titel "In the Music Hall" beim Label Tudor erausginn huet. De Manuel Ribeiro huet den Disk gelauschtert.