Klassik aktuell
Zu Liefzäiten ënnerschat
Laang Joren nom Doud vum Gustav Holst goufen an engem Archiv an Neuseeland nach net publizéiert Wierker vum englesche Komponist entdeckt. Et war ënner anerem de Set "Folk Songs from Somerset", eng Regioun am Südweste vun England, déi de Gustav Holst och a senger "Somerset Rhapsody" vertount huet. De Gustav Holst huet sech vill fir Volleksmusek interesséiert an och fir eng breet musikalesch Bildung. Den 21. September 1874 kënnt de Gustav Holst zu Cheltenham op d'Welt.