arrow_back_ios
CD-Klassik
Tschechesch Musek vun der Romantik bis haut
Am Februar war et den 100. Gebuertsdag vum tschechesche Komponist Vladimir Sommer, deen 1997 zu Prag gestuerwen ass. De Vladimir Sommer war Professer op der Karls-Universitéit zu Prag an huet symphonesch Musek a Kammermusek geschriwwen. Fir de Quatuor Lontano war dëse Centenaire den Ustouss fir säin neien Album mat Wierker vun tschechesche Komponisten aus dräi ënnerschiddlechen Epochen - Kompositioune vu Sommer, Janacek an Dvorak.