CD-Klassik
My Classical Accordion
Et gëtt där Instrumenter, déi een net onbedéngt an der klassescher Musek sicht, déi sech an deene leschte Joren awer lues a lues - a ganz zu Recht - hir Plaz huelen, hir Stëmm héiere loossen. Eent dervun ass den Akkordeon, deen een éischter géif an der Volleksmusek verbuchen. Mee den Akkordeon huet därmoosse vill Klangfaarwen, datt en a vill Repertoiren agesat gi kann. Mat sengem neien Album "My Classical Accordion" ënnersträicht den norwegesche Museker Oivind Farmen, wat mat Sensibilitéit a Goût alles op engem Akkordeon méiglech ass. De Remy Franck stellt eis den Album vir.