arrow_back_ios
CD-Klassik
Deen einsame Florent Schmitt
Zanter engen dräi Joerzéngten hunn Orchesteren a Soliste versicht, dem Loutrenger Komponist Florent Schmitt seng Musek aus dem Vergiess ze rappen. Och d'Pianistin Biljana Urban huet elo hier Contributioun zur dëser Initiativ a Form vun engem Disk bruecht. Den Album "Solitude" gëtt en Abléck an dee melancholeschen an zum gréissten Deel och düstere Charakter vum Schmitt sengem Pianosrepertoire. Vun deene sechs Pianoswierker sinn op dësem Disk fënnef Stécker iwwerhaapt éischt opgeholl ginn. De Manuel Ribeiro huet den Disk "Solitude" gelauschtert.