Klassik aktuell
Seven Pieces for Large Orchestra
Et war een exklusive Krees vun 250 Invitéen, deen den 29. September 1918 an der Queen's Hall zu London derbäi war, wéi dem Gustav Holst säin neist Wierk fir d'éischt an der Orchesterfassung ze héiere war. Stéck fir Stéck hat den Holst seng "Seven Pieces" komponéiert an hir Wierkung reegelméisseg an enger Versioun fir zwee Pianoen teste gelooss. Weder de Komponist nach soss iergendee konnt deemools wëssen, datt aus dëse siwen Orchesterstécker, déi 1919 den Titel "The Planets" kruten, e Klassikhit géif ginn.