arrow_back_ios
CD-Klassik
De Faust an de wibbelegen 20er Joren
Der Däiwel reest no laange Joren nees op Paräiss, fënnt sech awer an der Seine-Métropole net méi erëm. Net onbedéngt well Stad gewuess ass, mee well et antëscht Mënsche gëtt, déi nach méi béis an hannerlëschteg sinn, wéi der Däiwel selwer. De Marcel Lattès huet a senger Operette aus dem Joer 1927 "Le Diable à Paris" dat éiwegt Faust-Thema mat engem humoristeschen Clin d'oeil variéiert, e Faust, dee sech an der Paräisser Bohème erëmfënnt, an der Ambiance vu Cabaret a Music Hall.