arrow_back_ios
CD-Klassik
Trouvaillen
Wann e sech duerch déi net kleng Diskographie vum Linos Ensemble wullt, fält een ëmmer nees op Nimm, déi net onbedéngt geleefeg am Répertoire sinn: Alexander Fesca, Julius Röntgen, Friedrich Kalkbrenner, Carl Reinecke. Mat dem neien Album kënnt elo nach esou een Numm derbäi: Henri Bertini, e franséische Komponist aus dem 19. Joerhonnert. De Linos Ensemble proposéiert een Nonett an e Grand Trio.