arrow_back_ios
CD-Klassik
Grand Duo Brilliant
Zanter 2010 interpretéiert den Art Chamber Duo virtuos Wierker fir Gei a Piano, bei deene béid Instrumenter gläichberechtegt sinn. An hirem Repertoire fënnt en dofir Wierker aus der Gattung "Duo brillant" vun de Komponisten Bottesini, Paganini, Chopin a Liszt. Fir säin neien Disk ass den Art Chamber a puncto Gläichberechtegung nach e Schrëtt méi wäit gaangen. Am Mëttelpunkt vum Programm stinn nämlech Gemeinschaftskompositioune vun engem Pianist an engem Geiist.