arrow_back_ios
CD-Klassik
Versinkende Sonne
D'Sonn geet ënner - den Titel vum neien Album vum Auner Quartett léist Plaz fir vill Interpretatiounen. D'Sonn geet ënner, een neien Dag fänkt un - an dësem Fall ass et eng nei Epoque, den Iwwergang an d'20. Joerhonnert, de fir Europa mat zwou grousse Katastrophë verbonne war. Dat ass de roude Fuedem vum musikalesche Programm mat Wierker vum Alexander Zemlinsky, Egon Wellesz, Anton Webern a Fritz Kreisler.