Klassik aktuell
Kosmopolitesch Barockmusek aus Portugal
Zanter senger Grënnung viru 17 Joer interpretéiert den Ensembel Divino Sospiro op senge Concerten uechter ganz Europa Wierker aus dem portugisesche Barock. Säi Concert am Kader vum Festival atlântico an der Philharmonie haut (12.10) um hallwer aacht, huet den Ensembel ënner den Thema "Cosmopolitisme du baroque portuguais" gesat. Aus wat besteet dëse Kosmopolitismus? Wat sinn d'Charakteristike vum portugisesche Barock?
Ënnert anerem doriwwer huet de Luc Boentges mam Dirigent Massimo Mazzeo geschwat.