CD-Klassik
Weltpremière op Disk
"Le Nozze in Villa" ass eng Opera buffa vum Gaetano Donizetti, déi hien 1819 komponéiert huet. De Komponist ass eréischt ufanks 20 a léisst de Libretto vum Bartolomeo Merelli schreiwen, dee sech op d'Stéck "Die deutschen Kleinstädter" vum August von Kotzebue, baséiert. D'Oper ass bei der Première duerchgefall an du komplett verschwonnen. Fir eng Produktioun vun 2020 gouf d'Partitur rekonstituéiert. Dës Live-Opnam vu "Le Nozze in Villa" gëtt et och elo op engem duebelen Disk, deen de Manuel Ribeiro gelauschtert huet.