CD-Klassik
Zwou populär Toundichtungen
Tëschent 1895 an 1898 presentéiert de Richard Strauss zwou vu senge populären Toundichtungen: "Till Eulenspiegel" an "Don Quixote". De Strauss weist sech hei als grousse Meeschter vun der Orchestratioun, als Komponist am Spannungsfeld tëschent spéitromantescher Traditioun a Modernitéit. Den Dirigent François-Xavier Roth, dee mat sengem Ensembel Les Siècles an der historescher Opféierungspraxis ënnerwee ass, profitéiert an dëser Produktioun mam Gürzenich-Orchester Köln vun dëser Erfarung a proposéiert raffinéiert Strauss-Lecturen, seet de Remy Remy Franck.