Panorama
Panorama
D'Gaspräisser wäerten zu Lëtzebuerg am November nach eng Kéier ëm 23 Prozent klammen, sot den Direkter vun Enovos de Moien am 100,7 Interview
Weider Bedenken iwwer de CovidCheck op der Aarbecht: Am Bausecteur wäerte net vill Betriber de System asetzen, mengt den OGBL
Den Impfstoff vu Pfizer/BioNTech kéint fir Kanner vu fënnef bis eelef Joer zougelooss ginn, dat recommandéieren d'Experten, déi déi amerikanesch Medikamentenagence beroden
A Brasilien huet d'Enquêtë-Kommissioun vum Senat sech fir eng Uklo vum President Jair Bolsonaro ausgeschwat, wéinst der Gestioun vun der Corona-Kris
Nom Militär-Coup am Sudan gouf de Premier Abdullah Hamduk fräigelooss, hien huet heem däerfe goen, mee bleift ënner Observatioun, esou de Militär
Déi brittesch Kinnigin kënnt net net op d'COP26 Klimakonferenz zu Glasgow, hir Doktere soten, si misst weider raschten, esou de Buckingham Palace