CD-Klassik
Eng radikal Opnam
Infernalesch, aggressiv, ausbalancéiert, beschwéngt a brachial: De Christian Thielemann evoquéiert mat senger Interpretatioun vum Anton Bruckner senger éischter Sinfonie zum Deel ganz ënnerschiddlech Adjektiver. Zesumme mat der Staatskapelle Dresden proposéiert hien eng Opnam, bei där all Saz fir sech steet an trotzdeem d'Vue op d'Wierk am Ganzen net verluer geet. E Bemol ass d'Tounqualitéit vun der Opnam, déi dem ausbalancéierte Klang vum Orchester net gerecht gëtt, mengt de Luc Boentges.