CD-Klassik
D'Oper "Hulda" als Première op Disk
De César Franck kennt een als Komponist vun der Symphonie a ré mineur, vu symphoneschen Dichtungen, mee virun allem als Komponist vu Kammermusek a Wierker fir Uergel. Um Enn vum 19. Joerhonnert huet de Franck awer och eng kolossal Oper komponéiert. "Hulda" vereent dem Franck seng Inspiratioune vu Wagner-Musek mam Stil vun der grousser franséischer Oper. Eng nei Opnam vun der Oper koum elo beim Label Naxos eraus mat de Chéier vum Theater Freiburg an dem Philharmoneschen Orchester Freiburg ënner der Direktioun vum Fabrice Bollon.
Eisen CD vun der Woch