Panorama
Panorama
De CovidCheck wier beim Staat schonn an e puer Ministèren an a villen Administratiounen ageféiert ginn, esou de Minister Marc Hansen de Moien op eiser Antenn
Déi global CO2-Emissioune klammen nees a wäerten dëst Joer nees bal den Niveau vu virun der Pandemie erreechen, esou eng nei Etüd, déi op der Weltklimakonferenz virgestallt gouf
Zu Lëtzebuerg wäert et vun 2023 un an neie Gebaier quasi net méi méiglech sinn, nach eng Gas- oder Masuttsheizung kënnen abauen ze loossen: mir hu mat enger Heizungs-Entreprise iwwer dës nei Reglementatioun geschwat
No den Iwwerschwemmunge vu Juli fuerdert de Veianer Schäfferot eng besser Gestioun vum Héichwaasserrisiko
D'USA hunn déi israeelesch Firma NSO, déi d'Spionage-Software Pegasus entwéckelt, op hir schwaarz Lëscht vu verbuedenen Entreprisë gesat
Dat israeelescht Parlament huet de Moien de Budget fir dëst Joer ugeholl an domat Neiwale verhënnert
D'Verhandlunge mam Iran iwwer den iraneschen Atomprogramm ginn de 29. November zu Wien nees opgeholl