Klassik aktuell
"Déi 10. vum Beethoven"
Den Dirigent Hans von Bülow war mat sengem Saz, dem Johannes Brahms seng éischt Symphonie wier déi zéngt vum Beethoven, keng grouss Hëllef fir de Komponist. De Brahms huet sech laang gezunn, wann et ëm d'Komponéiere vun enger Symphonie goung. A senge Gedanken huet e stänneg d'Schrëtt vum Ludwig van Beethoven héieren. De 4. November 1876 war et dunn awer esouwäit: Zu Karlsruhe gëtt dem Johannes Brahms seng éischt Symphonie uropgeféiert.