CD-Klassik
Eng aner Facette vum Louis Vierne
Mat sengem Sträichquartett vun 1894 fällt de Louis Vierne fir d'éischt als Komponist op. D'Uergel ass zwar quasi dem Vierne säin ugebuerent Instrument, mee bis bei déi éischt Symphonie dauert et nach e Strapp. Si entsteet an de Joren 1898/99, dat selwecht Joer, wou de Louis Vierne och seng "Suite bourguignonne" fir de Piano schreift. Dës Suite ass dat prominent Wierk op dem éischten Album vun enger Intégrale vum Louis Vierne senge Kompositioune fir de Piano. De brasilianesche Pianist Sergio Monteiro huet sech der Saach ugeholl.