arrow_back_ios
CD-Klassik
Eng Jam Session mat Klassik
Beispiller, wéi den Jazz säi Wee an déi klassesch Musek fonnt huet, gëtt et der en etlech - vu Gershwin iwwer Ravel bis bei Debussy. Och eng Rëtsch ausgewisen Jazz-Museker ware mat Begeeschterung am klassesche Repertoire ënnerwee - wéi de Benny Goodman, deen e Concerto fir Klarinett beim Aaron Copland an Optrag ginn hat. Deen ukrainesche Pianist a Komponist Nikolai Kapustin ass virun allem an der Club-Zeen bekannt, huet allerdéngs en etlech Wierker fir de symphonesche Repertoire op der Lee, déi et elo op Disk gëtt.