arrow_back_ios
CD-Klassik
Epizentrum Lissabon
Mat "Tremor" signéiert den Ensembel Darcos en Disk mat enger Kreatioun vu sengem Dirigent Nuno Côrte-Real. "Tremor" ass e Lidderzyklus, deen d'Äerdbiewe vu 1755 zu Lissabon beschreift, mee och déi tragesch Konsequenzen an déi kontinuéierlech Angscht op eng nei Katastroph, déi iwwer d'Stad wéi en Damoklesschwäert hänkt. En Disk, dee musikalesch wéi en ale schwaarz-wäiss Film erkléngt, deels abstrakt mat awer och ganz emotionale Momenter.
De Manuel Ribeiro huet an den Disk eragelauschtert.