Panorama
Panorama
Statuten-Ännerung bei der LSAP: D'Sozialiste kréien an Zukunft eng Presidentin an ee President. Och d'Spëtzekandidature bei Wale kënne paritéitesch sinn, mussen awer net
Fir d'Impfbereetschaft zu Lëtzebuerg ze vergréissere misst besser kommunizéiert an informéiert ginn, mengen d'Auteure vun der Covalux-Etüd
Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel huet mam belarussesche Staatschef Alexander Lukashenko telefonéiert, fir iwwer d'Flüchtlingskris un der Grenz tëschent Belarus a Polen ze schwätzen
D'Kompetitioun tëschent China an den USA dierft net an e Konflikt ausaarten, sot den Joe Biden an enger Video-Konferenz mam chineesesche President Xi Jinping
D'USA kritiséiere Russland wéinst engem Rakéiten-Test am Weltall. Nodeems Russland ee vu senge Satellitte mat enger ballistescher Rakéit zerstéiert huet, géifen elo Stécker am Weltall ronderëm fléien, dat wier geféierlech fir déi siwen Astronauten op der Internationaler Weltraum-Statioun ISS, soen d'USA