Klassik aktuell
Al an nei
Zäitgenëssesch Musek a gregorianesche Gesang: Vill méi wäit kënnen zwou Museksrichtungen op d'mannst zäitlech gesinn kaum auserneeleien. Dat verhënnert allerdéngs net, datt se an engem Festival kënne matenee verbonne ginn. Ënner dem Titel Odo Sonoritas sinn tëschent dësem Donneschdeg an e Sonndeg Concerten, ee Workshop an och eng audiovisuell Installatioun zu Stolzebuerg geplangt.
De Luc Boentges schwätzt mam Christophe Unkelhäusser, dem Directeur Artistique vum Festival iwwer d'Editioun 2021.