Panorama
Panorama
D'Regierung wëllt iwwermuer iwwer eng Recommandatioun fir eng Booster-Impfung fir jiddweree vun 12 Joer un decidéieren
D'Weltgesondheets-Organisatioun huet nach Kéier matgedeelt: Europa wier elo nees den Epizenter vun der Corona-Pandemie
Den 112 wier elo optimal fir d'Zukunft equipéiert, sot de CGDIS Generaldirekter, nodeems gëschter déi nei Noutruffzentral zu Gaasperech a Betrib goung
De Fuuss, dee virgëschter zu Kiele gefaange gouf, ass mat grousser Warscheinlechkeet deen, deen an der Uertschaft zwou Persounen an en Hond soll gebass huet. Dat seet de Laurent Schley, stellvertriedenden Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung
No den Iwwerschwemmunge vum Summer diskutéierte Finanzministère an Assurancëgesellschaften iwwer en neie System, fir d'Couverture bei Héichwaasser ze garantéieren
Am Weste vu Kanada hunn Honnerte Leit misse gerett gi wéinst aussergewéinlech staarkem Reen, deen och Äerdrutscher verursaacht huet, op d'mannst eng Persoun koum ëm d'Liewen