CD-Klassik
Sharon Kam spillt Hindemith
Et ass virun allem an den éischte Jore vum Zweete Weltkrich, wéi de Komponist Paul Hindemith aus Däitschland geflücht ass, datt seng Musek am interessantste gouf. Dës Jore mat vill Onsécherheeten hunn dem Hindemith säi Liewe ganz op d'Kopp gehäit. Als éischt emol flücht de Museker op Paräis, dann an d'USA. Vill Kompositioune vum Hindemith reflektéieren dës schwéier Zäiten, mee och den Afloss, deen d'USA op seng Kompositioune wäerte kréien. D'Klarinettistin Sharon Kam huet dräi Wierker vum Paul Hindemith fir hiren neien Album opgeholl. De Manuel Ribeiro huet den Disk gelauschtert.