Panorama
Panorama
12 min
Een Auto ass bei enger Chrëschtdagsparad an d'Leit gerannt, zu Waukesha am US-Staat Wisconsin. De Bilan läit bei op d'mannst fënnef Doudegen a 40 Blesséierten
Eng Impfflicht zu Lëtzebuerg wier fir d'Regierung deen aller leschte Schrëtt, sot d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert de Moien am 100,7 Interview
Bei Protester géint d'Corona-Mesuren an e puer EU-Länner koum et um Weekend zu Gewalt, dat ënner anerem zu Bréissel an an Holland
An Éisträich ass vun haut un e Lockdown vun dräi Woche fir jiddwereen a Kraaft
An Däitschland kéinten SPD, Gréng an FDP schonn dëst Woch ee Koalitiounsaccord presentéieren
Déi chineesesch Tennisspillerin Peng Shuai sot an engem Video Gespréich gëschter mam President vum Internationalen Olympesche Kommitee, si wier a Sécherheet
An der Formel 1 huet de Lewis Hamilton gëschter de Grouss Präis vu Katar gewonnen, virum Max Verstappen an dem Fernando Alonso