Klassik aktuell
Eng "Symphonie dramatique"
6 min
Den Hector Berlioz war bekannt fir keng hallef Saachen ze maachen. Analyséiert ee seng Kompositiounen, kënnt et engem vir, wéi wann de Komponist ëmmer iwwerdimensional geduecht huet. Och "Roméo et Juliette" als Symphonie dramatique huet deemools de Kader vun de musikalesch-technesch Méiglechkeete gesprengt. 100 Museker an 101 Sänger waren op der Bün vum Paräisser Conservatoire fir d'Première, den 24. November 1839.