CD-Klassik
Kee Fidelio mee l'Amor Conjugale
Am Joer 1805 koum d'Handlung zu "Léonore ou l'amour conjugal" direkt zweemol op d'Bün, allerdéngs a ganz ënnerschiddleche Versiounen. Wärend dem Beethoven seng Oper "Fidelio" éischter tragesch ass an no Fräiheet jäizt, huet den Giovanni Simone Mayr eng "farce sentimentale" iwwer deeselwechte Sujet ze proposéieren. L'Amor Conjugale. Dës Oper ass elo als duebelen Album erauskomm, eng Produktioun am Abrëll 2021 aus der Opéra de Massy mam Ensembel Opera Fuoco ënner der Direktioun vum David Stern. De Manuel Ribeiro huet den Disk gelauschtert.