Panorama
Panorama
Zu Lëtzebuerg soll d'Regierung haut iwwert weider Mesuren decidéieren. De Claude Meisch sot virdrun op eiser Antenn, wichteg wär virun allem, datt méi Leit sech impfe loossen, d'Regierung hätt net d'Ambitioun, ze vill Aschränkungen ze decidéieren, fir Leit, déi scho geimpft sinn
Déi nei Coronavirus-Variant Omicron breet sech weider aus: Japan mécht elo Grenze fir Auslänner komplett zou, an de G7 kënnt haut fir eng urgent Sëtzung zesummen
An der Gemeng Lenneng annoncéiert sech a politesche Wiessel: Bei de Komplementarwale gëschter sinn dräi Vetrieder vun der Oppositioun gewielt ginn
De Chef vum europäesche Rechnungshaff Klaus-Heiner Lehne ass mat Virwërf vu Bedruch konfrontéiert
Bei der Dëschtennis Weltmeeschterschaft hunn d'Ni Xia Lian an d'Sarah De Nutte d'Bronze Medaile am Dubbel gewonnen