Panorama
Panorama
D'Covid-Mesure sollen och zu Lëtzebuerg verschäerft ginn, mat 2G an der Fräizäit, an 3G op der Aarbecht, huet d'Regierung annoncéiert
D'Reaktiounen op déi nei Mesuren: Bei der Oppositioun sot den CSV Parteipresident Claude Wiseler hie wier prinzipiell d'Akkord. D'Pirate reagéiere mat gemëschte Gefiller, d'Mesure géifen net wäit genuch goen, dat ënner anerem an de Schoulen
Bei de Gewerkschaften gouf et no Gespréicher gëschter mat der Regierung éischt positiv Echoen, et missten awer nach Detailer iwwert den 3G op der Aarbecht gekläert ginn, haut si weider Gespréicher geplangt
D'Reserve vu Bauland am Perimeter ass méi grouss wéi bis ewell geduecht a geet duer, fir de Logementsproblem an de Grëff ze kréien, soen d'Ministere Claude Turmes a Henri Kox
D'Karibik-Insel Barbados huet sech vun der brittescher Kroun getrennt a sech zu enger Republik deklaréiert
Am Futtball krut de Lionel Messi gëschter Owend fir d'siwente Kéier de Ballon d'Or, d'Auszeechnung fir dee beschte Spiller vum Joer