CD-Klassik
Eng weider Referenzopnam
"Bruckner loves you", liest een op enger Postkaart vum Bruckner Orchester Linz - mat enger Portraitskizz vum Komponist. Wann een déi nei Opnam vum Anton Bruckner senger 8. Symphonie ënnert dem Markus Poschner lauschtert, kënnt een definitiv zur Konklusioun "We love Bruckner". Den Orchester mam Numm vum Komponist investéiert sech total an déi Musek. D'Resultat ass eng onheemlech frësch a vital Interpretatioun vun dëser Symphonie - een Disque, dee sonner Zweiwel seng Plaz verdéngt an der Rei vu Referenzopnamen, déi fir d'Bruckner-Joer 2024 entstinn.