Panorama
Panorama
Null Toleranz fir Vandalismus an Aschüchterung vu Leit: D'Grenze vun der Meenungsfräiheet wieren iwwerschratt ginn, esou de Minister Henri Kox no den Tëschefäll beim Protest géint d'Corona-Mesurë virgëschter an der Stad
Fir d'Landwirtschaft wäert et ganz komplizéiert ginn, d'Klimaziler ze erreechen, déi d'Regierung bis 2030 fir dee Secteur fixéiert huet. Dat sot eis de President vun der Landwirtschaftskammer
A Myanmar gouf déi fréier Regierungscheffin Aung San Suu Kyi vun engem Geriicht zu véier Joer Prisong verurteelt
An Däitschland ass de Koalitiounsvertrag vun der neier Ampel-Koalitioun bal an dréchenen Dicher. SPD an FDP hunn en ugeholl, d'Resultat vun de Grénge soll de Mëtteg annoncéiert ginn
An der Formel 1 bleift et spannend bis zum Schluss: De Lewis Hamilton huet gëschter mam Grouss Präis vu Saudi Arabien déi zweet-lescht Course vun der Saison gewonnen, virum Max Verstappen an dem Valterri Bottas. Den Hamilton läit elo punktgläich mam Verstappen, virun der leschter Course