arrow_back_ios
CD-Klassik
No Time for Chamber Music
De Gustav Mahler huet ze soe keng Kammermusek geschriwwen, well hie keng Zäit hat an ze vill mat de grousse Symphonië beschäftegt war. An deem Sënn ass den Titel vum Album "No Time for Chamber Music" Programm. Den Ensemble collectif9, deen zu Montreal doheem ass, spillt Kammermusek, déi vum Gustav Mahler inspiréiert ass, och Wierker, fir déi de Komponist carrement d'Virlag geliwwert huet. D'Resultat si spannend Paraphrasen iwwer d'Musek vun engem vun deene wichtegste Symphoniker am 20. Joerhonnert.