arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Oper, dräi Gebaier
D'"Dame Blanche" vum François-Adrien Boieldieu, d'"Carmen" vum Georges Bizet an d'"Pelléas et Mélisande" vum Claude Debussy. Et sinn dräi Opere mat enger Gemeinsamkeet: Alleguerten hu si hir Uropféierung an der Opéra Comique zu Paräis gefeiert. Trotzdeem waren dës Evenementer an dräi verschiddene Gebaier - d'Opéra Comique gouf nämlech zweemol komplett duerch e Feier zerstéiert. Haut (7.12.2021) sinn et op den Dag genee 123 Joer hier, datt dat drëtt Gebai seng Ouverture gefeiert huet. De Luc Boentges werft e kuerze Bléck op d'Geschicht vun dësem Gebai.