Panorama
Panorama
Dat däerf net nach eng Kéier geschéien, hunn de Premier an d'Deputéiert gëschter an der Chamber betount. No den Tëschefäll bei der Manifestatioun vum leschte Samschdeg gëtt de Sécherheetsdispositif dëse Weekend verstäerkt
De Generalrot vun der LSAP stëmmt unanime fir déi personell Ännerungen an der Regierung. De Claude Haagen iwwerhëlt vum Romain Schneider an de Georges Engel vum Dan Kersch
An de leschten zwee Joer goufen zu Lëtzebuerg 23 Fäll vu Mënschenhandel erfaasst, dëst geet aus engem Rapport vun der Mënscherechtskommissioun ervir
Regierungswiessel an Däitschland: Den Olaf Scholz vun der SPD soll de Moien am Bundestag als neien däitsche Kanzler gewielt ginn
Déi aktuell Corona-Impfstoffer wieren a priori och géint d'Omicron-Variant effikass, seet d'Weltgesondheetsorganisatioun
Den US-President Joe Biden huet Russland mat staarke Mesurë gedreet, fir de Fall vun enger russescher Invasioun vun der Ukrain
Och Australien huet een diplomatesche Boykott vun den Olympeschen a Paralympesche Wanterspiller a China annoncéiert