arrow_back_ios
Klassik aktuell
Festlech an intim
De Begrëff Carol kënnt aus dem ale Franséische "Carole", deen en Danz beschreift. Haut versteet een dorënner e festlecht Lidd, dat awer nach ëmmer ee liichten, dänzeresche Charakter huet. Ganz populär si virun allem d'Christmas Concerts an der Royal Albert Hall zu London - richteg musikalesch Volleksfester, wou mat groussem Orchester, Uergel a Chouer opgetrompt gëtt. Eng änlech Atmosphär bréngt de Vokalensembel Les Amis du Chant mat senge "Christmas Carols" reegelméisseg an de Stater Conservatoire - dëst Joer, de 14. Dezember.