arrow_back_ios
Klassik aktuell
Festlech an intim
De Begrëff Carol kënnt aus dem ale Franséischen "Carole", deen en Danz beschreift. Haut versteet een dorënner ee festlecht Lidd, dat awer nach ëmmer ee liichten, dänzereschen Charakter huet. Ganz populär si vrun allem d'Christmas Concerts an der Royal Albert Hall zu London- richteg musikalesch Volleksfester, wou mat groussem Orchester, Uergel a Chouer opgetrompt gëtt. Eng ähnlech Atmosphär bréngt de Vokalensemble "Les Amis du Chant" mat sengen "Christmas Carols" reegelméisseg an de Stater Conservatoire - dëst Joer, de 14. Dezember.