CD-Klassik
Leipzig 1723
1723 war zu Leipzig d'Plaz vum Thomaskantor fräi - eng Plaz mat vill Prestige an och net schlecht bezuelt. Dräi Kandidate mat Aussiicht waren am Rennen: de Georg Philipp Telemann, dee schonn zu Hamburg eng musikalesch Gréisst war, de Christoph Graupner, Kapellmeeschter zu Darmstadt mat exzellente Referenzen, an de Johann Sebastian Bach, deen am Leipziger Stadrot och e puer Stëmmen op senger Säit hat. D'Geschicht ass bekannt: De Bach krut d'Plaz, a Leipzig ass bis haut d'Bach-Stad. De Flüttist Stefan Temmingh an de Capricornus Ensemble spillen op hirem neien Album Musek vum Bach senge Konkurrente fir d'Plaz zu Leipzig.