Eigentlech sollt den Thomas Trotter zesumme mam Choir of St John's College, Cambridge an der Philharmonie optrieden. Well de Chouer seng Rees op Lëtzebuerg ofgesot huet, proposéiert den Organist e Mëttwoch (15.12) e Solo-Programm. Op der Affiche stinn international Wierker an zwee Stécker, déi eng Chrëschtdagsstëmmung vermëttele sollen.
De Luc Boentges huet mam Thomas Trotter iwwer de Programm an d'Uergel an der Philharmonie geschwat.