arrow_back_ios
CD-Klassik
De Komponist Thomas Larcher
Op dem neien Album mam Symphonieorchester vum finnesche Radio gëtt et zwee Wierker vum Thomas Larcher, gebuer 1963 zu Innsbruck, ze entdecken. Et sinn zwee Wierker mat enger deels mystescher, deels däischterer Stëmmung. Titele vu béide Wierker sinn explizitt genuch a verroden, ëm wat et geet: d'Symphonie Nr. 2 "Kenotaph" an d'Wierk fir Bariton an Orchester, "Die Nacht der Verlorenen". De Manuel Ribeiro huet sech an d'Stëmmung mat groussen Orchesterkläng vum Thomas Larcher agelooss.