D'Besetzung Klarinett mat engem Sträichquartett ass eng vun deene beléiftste Klangkombinatiounen an der Kammermusek an trotzdeem net esou dacks ze héieren. En nächste Sonndeg (19.12.2021) spillt de fréiere Solo-Klarinettist vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, den Olivier Dartevelle, zesumme mat senge fréiere Beruffskolleegen, dem Quatuor Henri Pensis (Museker aus dem OPL), an der Kathedral. Um Programm steet e Meilesteen aus der Klarinetteliteratur, de Klarinettequintett vum Mozart an och Wierker vum Olivier Dartevelle selwer an dem Carl Stamitz. De Manuel Ribeiro huet mam Olivier Dartevelle geschwat.
arrow_back_ios
Klassik aktuell
Chrëschtconcert an der Kathedral
